Schon virun 10 Joer ongeféier huet et ugefaangen dass ech beim Laafen emmer Problemer mat der Hëft, oder deemols nach geduecht mat den Aduktoren haat. Well d'Peng di sech ugedeit haat, wor emer an der Géigend vun der Leescht. No engem Besuch beim Spezialist wor dunn awer di traureg Gewoessheet dass ech besonnech op der rietser Sait Arthrose hun, an dass et just eng Fro vun der Zait wiir bis ech misst drun gleewen, an operéiert misst gin.
Ech kruut daat ganzt awer nach eng gudd Zait erausgezögert dank enger gudder Betreiung bei mengem kiné , an regelmässegem Sport (Velo, Crosstrainer an Kraafttraining). Elo as awer den Zaitpunkt do wou ech mierken dass déi Saachen net mi greifen, an main Alldaag schon drënner leid, an ech wuel oder iwel ënnert d'Messer muss.
An desem Blog wëll ech meng Erfahrungen also e besschen festhaalen, a kucken waat alles op mech duerkönnt an wéi ech daat bescht draus maachen kann.
Esou eng OP as jo anscheinend schon Routine , mee ech soen mir all Fall as aanescht, an et as a mengen Aan wichteg fir ze wëssen waat op een duer koennt.
Die nächst Einträg an desem Blogg waert ech op daitsch maachen, well verschidden Leit di main Blogg abonnéiert hun daat besser verstinn.

Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen